Den Prozess...
1
Beordungsgespréich
An engem éischte Berodungsgespréich fanne mir zesummen eraus ob e gemeinsame Wee sënnvoll ass, a wann jo, wei dat kéint ausgesinn.
Nodeems du d'Kontaktformular ausgefëllt hues eenege mer eis per Email op e Rendez-vous fir dëst Gespréich.
2
De Programm
De Benoît erstellt en Heelungsprogramm deen individuell op dech an déng Thematik ugepasst gouf.
Zesummen beschwätzt dir wei dëse Programm emgesat an an däin Liewen implementéiert gett.
3
De Wee
Ab elo hues du d'Kontroll komplett an dénger Hand.
Du geess de Wee vun der Besserung an de Benoît steet der mat séngem Wëssen zur Säit.

Benoît Losch
Phytotherapie & Naturopathie
Zanter ville Jore beschäftegt sech de Benoît mat der Kraaft vun de Planzen – als Inspiratioun an als wäertvoll Ënnerstëtzung an der Naturopathie. Mat sengem déifgrënnege Wëssen an der Phytotherapie an der traditioneller Herboristerie begleet hien dech op denger Rees zu méi Wuelbefannen.
Seng individuell Planzemëschungen ginn no traditionelle Prinzippie speziell fir dech zesum- megestallt an op deng Besoinen ugepasst. Dobäi verbënnt hien eng fundéiert Berodung mat der therapeutescher Wierkung vun de Planzen, fir dir eng ganzheetlech Léisung ze bidden.
An enger Zäit, wou den Interessi un natierlechen Alternativen ëmmer méi grouss gëtt, deelt de Benoît säi Wëssen a seng Erfahrung, fir dech beschtméiglechst op denger Rees zu méi Balance a Gesondheet ze ënnerstëtzen.
Kontakt
Du hues Froen, oder wëlls méi gewuer ginn? Da fëll gären d'Kontaktformular aus a mir mellen eis schnellstméiglechst bei dir. Alternativ kanns du eis och en Mail op contact@primulahouse.com schécken!
71, cité Kiirchbierg
L-3733 Rumelange
